Luxembourg à Cheval a.s.b.l.
40, rue des Champs
L-7311 Heisdorf

 

R.C.S.L F320

 

Kontonummer:

BCEELULL

LU72 0019 1600 0122 6000

 

mail: tdlcheval@pt.lu

 

Meckel Claudine, Webmaster

Termine

Program 2024

22. März 2024: Generalversammlung an der Gallerie am Duerf zu Steesel

 

5. August 2024: Info-Versammlung 58. Tour de Luxembourg à Cheval

 

10-16. August 2024: 58. Tour de Luxembourg à Cheval

 
 


Berichte

24. März 2023: Generalversammlung an der Gallerie am Duerf zu Steesel

 

 

Generalversammlung März 2023: Fotoen vum Claude Zanter

E Freideg den 24.03.23 hat Luxembourg à Cheval séng Generalversammlung. No der Begréissung duerch d'Präsidentin ilona Balogh gouf eng Gedenkminutt fir di Verstuerwen gehalen. Duerno ass zeréckgekuckt ginn op den Tour 2022, den éischten "normalen" Tour no der Corona Paus. Den 56. Tour de Luxembourg mat onsen Päerd huet ons am August lescht Joer vun Mäerzeg op Wolz, a weider iwwer Munzen op Hëpperdang gefouert. Den Ofschloss war zu Huldang am Reitstall K-Stables. Iwwerall goufen mir mat Freed opgeholl, d'Wieder huet matgespillt an ons Guiden haten erëm ganz schéin Weeër erausgesicht, wat vill Aarbecht ass a wou esou munch Weekender drop ginn.

D'Finanzdaten goufen vun onsem Keessjee André Klein virgedroen an hien konnt e positiven Bilan virweisen.

Dëst Joer stoung d'Neiwal vun den austriedenden Memberen Steve Hames, André Klein an Annick Schalbar un, an si goufen eestëmmeg erëmgewielt. D'Tamara Simon ass aus dem Comité ausgetrueden a gouf vum Jean-Marie Simon ersat.

Den 57. Tour de Luxembourg à Cheval, den vum 12.-17. August stattfënnt, ass virgestallt ginn a féiert ons vun Huldang op Buerg Reiland, vun do op Léiler an de Schluss ass zu Housen.

Als leschte Punkt op der Dagesuerdnung stoung dee gesellegen Deel, et gouf e klenge Maufel an e gudde Patt bei gewinnter gudder Stëmmung.

Wann Dir interesséiert sidd eng Vakanz mat Ärem Päerd ze machen, oder och nëmmen 1 oder 2 Deeg wëllt schnupperen kommen, fannt Dir Informatiounen a Fotoen op onser Websäit www.luxembourgacheval.jimdofree.com.

Zousätzlech Froen kritt Dir beäntwert iwwert ons e-mail Adress tdlcheval@pt.lu.

Mir freeën ons iwwert all nei Gesiichter a Päerd.

 

TdL Spezial 2020

Léif Reiderinnen a Reider,

 

Vum 8. August bis den 31. Oktober 2020 haaten mir iwer Facebook op den TdL Spezial 2020 ausgeruff, eis Challange vir en gudden Zweck.

 

Mir si frou Iech de finale Status vum TdL Spezial 2020 kennen ze presentéieren: 451 geridde Kilometer! (clicken vir den Detail)

 

Wei versprach, mécht Luxembourg à Cheval vir all Kilometer deen Dir eridden hutt eng Spend vun 1€ u natur&ëmwelt fir de Schutz an den Opbau vun der Biodiversitéit hei zu Lëtzebuerg z'ënnerstëtzen. Mir hunn eis wei ewell am Summer annoncéiert, de Projet "Kanecher Wéngertsbierg" rausgesicht, fir deen mir elo also opgeronnte 500 € spenden. Mir fréen eis natierlech op eng Féierung mat natur&ëmwelt iwwert de Wéngertsbierg am nächste Joer! Den Datum, respektiv de Bericht, komme no.

 

Et war e Genoss, elo bei deem kale groe Wanterwieder an Äre Fotoe mat vill bloem Himmel, engem Laachen an de Gesichter an zefriddene Päerd ze stöberen :-)

Dofir en decke Merci un di Reider di matgemaach hunn a speziell déi di d'Hitparad uféieren. Et war zwar weder eng Course, nach gëtt et eppes ze gewannen, trotzdeem geet eise Gléckwonsch speziell un:

  • d'Gaby a seng Duerschter d'Magalie vir hier 107 Reitkilometer op deenen hir Päerd d'Lucia an d'April si trei begleet hunn, gefollegt vum
  • Lee Bourg matt 88 Reitkilometer ënnert den Huff vum Tschiko 
  • an dem Anouk Zigrand um Bella mat zolitten 57 Reitkilometer.

Bravo Iech!

 

Geridde si mer:

  • lenks vum Ländchen an d'Ardennen a riets eriwwer bis an d'Eifel;
  • vum 3-Länner-Eck ganz un der Spëtz bis erof an de Reiserbann a bei eis franséisch Nopere;
  • dertëschent déi beléiften Tour-Klassiker Gréngewald, Stroossenerbösch an Marscherwald; 
  • schlussendlech duerch den Sirdall bis ronderëm Izeg, also bis bal an d'Stad.

Dito definitiv den Tour vum Ländchen, den TdL Spezial 2020 huet sengem Numm all Éier gemaach :-)

 

Ma wéi Dir all och wësst ass nom Tour... ganz genau: virum Tour!

 

Dohir hei 3 Punkten déi mir nach wëllen ubréngen, iert mir Iech schéi Feierdeeg wënschen:

  1. Mir wäerte ganz sécher vir déi eng oder aner Etapp vun de nächsten Tour Editiounen op är Strecken zeréckkommen !
  2. Villäicht huet jo och deen een oder aanere vun iech Iddi eis als Guide um Tour z'ënnerstëtzen? Eis Guidenpäerd komme neemlech baal all an den Rentenalter :-S a sie freeë sech iwwer Nowuess deem sie kënnen hiren Erfahrungspackage matginn, iert sie progressiv mi lues trieden
  3. Mir géifen Iech virschloen, an Zukunft all Freijoer eng Trainings-Challenge z'organiseieren. Esoù mecht Training nach mei Spass an eis Pärd kenne fit an motiveiert um nächsten Tour de Luxembourg starten. Si Dir derbäi? :-)

Loosst Iech et iwwer d'Feierdeeg gutt goen, a bleift gesond!

 

äre Comité

Luxemburg zu Pferd spendet an Tiere in Not

Unser Vereinsmitglied Frau Colette Weber hat uns auf die Organisation PETA Deutschland e.V. und das Projekt durch Tiere gezogene Rikschas durch e-Rikschas zu ersetzen, aufmerksam gemacht.

Nachdem wir alle nötigen Informationen zu diesem Projekt hatten und nach einem schriftlichen Austausch mit den verantwortlichen Personen bei der Organisation PETA, wurde in der letzten Vorstandssitzung entschieden dass unser Verein "Luxemburg zu Pferd" eine e-Rikscha finanzieren würde um eines der Tiere freizukaufen.

Untenstehend Bilder von PETA Indien mit dem Dankesschreiben :

 

 

"Here are some images of a horse who has been helped by the Delhi Mech project – including before and after shots as well as shots of the ‘owner’ with his new Rickshaw"

 

Herzlichen Dank für Ihre schöne Spende über 640€ für eine E-Rikscha in Indien!

Es ist wirklich toll und beachtlich, was unsere Kolleginnen und Kollegen in diesem armen und so großen Land vollbringen. Aber all das können sie nur, weil es Menschen und Organisationen wie Sie gibt, die uns – und damit die Tiere - mit Empathie und Engagement unterstützen.

Status quo in Indien: Rund 250 Ochsen und 150 Pferde schuften aktuell auf den Straßen Delhis (allein dort!). Wir möchten, dass dieser Anblick bald der Vergangenheit angehört. PETA Indien hilft den Ochsen- und Pferdehaltern, batteriebetriebene Elektro-Rikschas zu kaufen. Ihre erschöpften und misshandelten Tiere können dann auf Lebenshöfe umziehen. Ein großes Dankeschön für Ihren Beitrag daran! Ein weiterer Ochse konnte durch Ihre Spende befreit werden – darf jetzt ein Leben ohne tägliche Schmerzen, Lasten und Entbehrungen leben. So wunderbar!

Hier ist unser letztes Update aus Indien von Animal Rahat: https://www.peta.de/animal-rahat-V19HEL001 . Manchmal mag man verzweifeln angesichts all der vielen Orte und Umstände, wo und wie Tiere immer noch gequält und ausgebeutet werden, wenn nicht auch immer wieder Erfolgsmeldungen eintreffen und einem Kraft und Mut zum Weitermachen geben für die Schwachen und Ungehörten – die Tiere. Ohne Unterstützung von großherzigen Menschen wäre das alles nicht möglich.

Jedes einzelne Tier ist es wert, ein Leben ohne Furcht und ohne Leid zu führen. Zusammen mit Ihnen können wir etwas für die Tiere - und in den Köpfen der Menschen bewegen. Danke, dass Sie mit uns an unserer Seite für die Rechte der Tiere kämpfen!

Tierfreundliche Grüße aus Berlin nach Heisdorf

schicken Ihnen

 

Ulrike Reck und Opa Hannes

Philanthropic Specialist

 

Augustus Club & Vanguard Society